Harmonie Municipale Concordia Remich
150 Joer
1875 – 2025
Aussergewéinleche Jubiläum
150 Joer HMCR, zesummen mat Iech!
D’Harmonie Municipale Concordia Réimech, kuerz HMCR, steet 2025 virun engem aussergewéinleche Jubiläum: 150 Joer musikalesch Traditioun an Zesummenhalt! Zanter senger Grënnung am Joer 1875 huet de Veräin Generatioune vu musikaleschen Talenter versammelt an d’Liewe vun de Leit zu Réimech a ronderëm mat Musek beräichert. Fir dëst bedeitendst Kapitel a senger Geschicht ze feieren, invitéiert d’HMCR all Museksfrënn an Ënnerstëtzer, dës eemoleg Etapp matzefeieren a sech vun eiser Passioun ustiechen ze loossen. Kommt mat eis op eng Rees duerch 150 Joer voller Harmonien, Erënnerungen an engem onvergiesslechen Zesummenhalt!
​150-järege Bestoe mat engem ganze Joer voller Evenementer. Vun eenzegaartege Concerten bis hin zu kulturellen Aktivitéiten – eist Jubiläumsjoer versprécht vill Oflenkung a Musek fir all Geschmaach.
Fir ëmmer um Lafenden ze bleiwen, kuckt an eisem Agenda no deene ville Feierlechkeeten, déi mir fir Iech preparéiert hunn. An fir e Stéck HMCR mat heem ze huelen, fannt Dir exklusive Gadgeten an Erënnerungsstécker an eisem Shop. Bleift dobäi, wann d’HMCR e Stéck Geschicht schreift – an dat mat voller Begeeschterung an Tounkonscht!