Mir invitéieren dëst Joer och rëm op de Stréimännchen.
Fir eise 150. Anniversaire hu mir fréier Musikanten invitéiert um Tour matzegoen an dës Traditioun opliewen ze loossen🎉
Ausserdem gi mir en aneren Tour. Fort geet et bei der Kellerei L&R Kox ( rue des Prés), iwwert Dauvelt an rue St Nicolas op N10. Duerno geet et dann iwwert de Quai de la Moselle duerch rue du Camping a Maachergaass. Zum Schluss geet et dann op d‘Place de marché wou et dann op d‘Bréck geet.
Deen ganze Cortège gett vun eis musikalesch begleed 🎼🎺🎷🥁
Net ze vergiessen eise Stand mam Glühwäin an Gromperekichelcher virun der Gemeng.